Accessoire made by me

Selwer gemaachten Accessoirë leie grad voll am Trend. Firwat nik Stoftreschter verwende fir elegant Braceleten ze zauberen? Al Stoftreschter hunn di meescht nach iergendwou doheem a kee weess wat domat ufänken a schéi Braceleten oder Kette kann dach jidderee gebrauchen. Selwer en Accessoire ze maache geet ganz einfach ouni Bitzmaschinn an et gesäit och nach super aus.

D’Material wat een brauch

Wat brauch een?

👄 Stoftschéier, Lineal an Kräid

👄 Textil-Päsch

👄 Biggeleinlag mat Streckeisen

👄 Verschléiss mat enger Zaang

👄 Pärelen, Nieten, Strass, etc. fir ze verzieren

👄 Nol mat Fuedem

👄 En Meter

👄 Stoftreschter, ca. 20 x 5 cm

Fir d’Längt vum Bracelet erauszefannen, mooss Du den Ëmfang vun dengem Handgelenk. D’Breet ergëtt sech vun der Héicht vum Verschloss. D’Breet gëtt doppelt gerechent. An elo kannst Du mol kucke wie eng Stoftreschter dass Du nach doheem trëllen hues.

De Stoff gëtt op dat elo grad eréischt gemoossent Format geschnidden. D’Biggeleinlag kritt di selwecht Längt, d’Breet ass identesch mat der Héicht vum Verschloss. D’Einlag gëtt an der Mëtt op der manner schéiner Säit vum Stoff drop gestreckt. D’Biggeleinlag gëtt dem Bracelet en gewëssenen Halt.

Di béid Säitefligel riets an lenks vun der Einlag erafalen, mat dem Streckeisen doriwwer strecken an dono mam Koll befestegen an dr loossen. Di dreschnen zwee Verschléiss mat der Zaang un béid Enne vum Band ofklemmen. An schonn ass Däin neisten Accessoire fäerdeg. Du kanns en nach mat Nieten, Strass oder Pärelen dekoréieren.

Als Alternativ kannst Du och d’Längt zweemol huelen, fir dass de Bracelet zweemol em den Aarm geet. Oder Du bastels méi Bännercher an ënnerschiddleche Breeten, déits Du dann zesummen undees. Du kanns dir och eng Ketten dorausser maachen. Der Fantasie si keng Grenze gesat. Wanns Du domat fäerdeg bass, post deng Kreatioun gären ënnert den Artikel.

www.fredkeandfriends.lu


Join the conversation